pierre fonck wrote:
> Et riskéiert en soss ze verallgemengeren an déi
ganz It Branche an
> Verruff ze bréngen.
> Och Deejéinegen den sech anstänneg behëlt, an der ginn et och.
Genau! Dat ass ee Problem deen een onbedéngt vermeide muss!
Elo hat ech e Samschden am Wort een Artikel gelies (ech erspueren elo
dem Auteur, hien ze nennen...), wou dra behaapt ginn ass: "Man sollte
wissen, dass jedes Gerät, das mit dem Internet verbunden ist, auch
anfällig für Viren und Trojaner ist".
Och mäi Nokia E61i Handy? Och mäi Linux PC? Och meng Ethernet Webcam?
Oder mäin Hub?
Esou ze verallgemengeren ass menger Meenung no schiedlech, well
d'Resultat dovunner riskéiert ze sinn datt den Normalbierger da seet "'t
kann ee jo souwisou näischt maachen, firwat soll ech mech dann deck
stressen iwwert Virusen an Trojaner, fréier oder spéider erwëscht et jo
souwisou jiddwereen".
Heiansdo ass et scho wichteg mol d'Kand mam Numm ze nennen fir de Leit
d'Méiglechkeet ze ginn deene geféierlechste Produkter aus de Féiss ze goen.
Bon, beim zitéierte Saz kann et sech natierlech och ëm eng Deformatioun
oder Kierzung vu Säiten vun der Zeitung handelen, muss also net
onbedéngt dem Interview'ten Informatiker säi Feeler sinn.
Alain