Salut all,
Endlech ass et Summer, an domat Grillsaison.
D'läscht Joer hate mer eng flott Feier beim Alain Rassel a sengem
Chalet, an hien proposéiert dat dëst Joer rëm ze widderhuelen.
D'Formule ass: jidderee bréngt eppes mat (eng Zalot, eng Zapanlag,
d'Fleesch fir ze grillen, ...), a mir maachen eis domat ee flotten
Owend. Eng Wikisäit fir alles dat ze coordinéieren kënnt geschwënn.
Awer fir d'alleréischt musse mer mol een Datum fixéieren.
E Puer Datumer stinn zur Auswiel:
Samschdes den 30te Juli,
Samschdes de 27ten August,
Samschdes de 17te September (oder all Samschdes duerno, mä da
riskéiert et net méi esou summerlech ze sinn...)
Wéi een Dag dovunner geet et iech all am beschten?
Alain